• Home
  • Open Air zu Housen

Keen Entrée ënner 16 Joer

🇱🇺❗️Matdeelung❗️

🔥Net méi laang dann ass et souwäit fir déi 24. Editioun vum Open-Air Housen. Dofir wëlle mir als Organisateur am Virfeld op e puer Saachen opmierksam maachenℹ️

Déi 2 Deeg gëllt fir de ganze Site:

Keen Entrée ënner 16 Joer 🚫( Mir akzeptéiere keng Autorisations parentales vu Gemengen oder soss Aarte vun Dokumenter)

– Bréngt w.e.g är original Carte d’identité 🪪 mat , just dës gëllt als valabelt Dokument – Fotoen um Handy ginn och net ugeholl. Mir behalen eis d’Recht vir den Entrée ze refuséiere wa keng valabel Carte d’identité ka virgewise ginn.

– Keen Ticket 🎫= Keen Entrée (d’Tickete si limitéiert – maacht Iech bäi!)

🇬🇧❗️Announcement❗️

🔥In a few weeks the 24th edition of the Open Air Hosingen will take place. Therefore we want to draw your attention to the following points ℹ️

– No entry under 16 years 🚫( we do not accept any written documents by parents or municipalities )

– Please bring your original Identity card🪪.Photos or copies will not be accepted by the organizer

– No ticket 🎫= No entry ( Tickets are limited )

OPEN AIR HOUSEN LINE UP 2023 OUT NOW

Yes, den LINE UP fir den Open Air Housen 2023 steet! Mir si frou Iech matzedeelen, dass et eis gelongen ass , nieft nationalen DJ ´en, keen aneren wéi den FELIX JAEHN op Housen ze bréngen!

Weider Infoen iwwert hien, di aner national DJ`en an wéi dir un är Ticketen kommt, kommen no. Dofir-Stay Tuned!

Yes, the LINE UP for the 2023 OpenAir Housen festival is fixed. We are happy to announce, that beside national DJ´s we managed to get FELIX JAEHN as our headliner.

More infos about him, the other DJ´s as well as how to get your tickets will follow on this page. Stay tuned.

Scheckiwwerreechung vun der FOAH Asbl vum 22.10.2022

Den 22. Oktober hate sech d’Membere vun de Frënn vum OPEN-Air Housen Asbl, am Kader vun der Joeresofschlossfeier, zu Housen um Camping zu enger Feierstonn afonnt.


No der erfollegräicher 23. Editioun vum OPEN-AIR Housen, déi traditionell den 1. Weekend am Juli ofgehale gouf, konnt aus dësem Erléis ee Scheck vu 5.000. Euro un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht ginn. Dëst ass op Initiativ vum Eric Nosbusch, besser bekannt als DJ Nosi, geschitt, deen dës Iddi proposéiert hat an déi och vum Kommitee direkt ugeholl gi war.


No der Begréissung vum Veräinspresident Roland Heinen, huet de Buergermeeschter Romain Wester dem Veräin Merci gesot fir d’Ënnerstëtzung an d’Initiativ, mee och fir déi grouss Disziplin an den Engagement bei der alljärlecher Organisatioun vum Houser OPEN-AIR, deen aus dem Agenda vun der Gemeng net méi ewechzedenken ass an och seng fest Plaz soll behalen.


Et war dunn d’Mme Denise Weimerskirch, déi am Numm vun der Fondatioun “Kriibskrank Kanner” ee grousse Merci ausgesprach huet fir dee flotte Geste an duerno kuerz drop agaangen ass wat d’Fondatioun alles mécht a wéi d’Famille resp. Patiente konkret vun hinne gehollef kréien. De ganz héijen Opwand deen hei bedriwwe gëtt fir Leit a virun allem Kanner an Nout ze hëllefen ënnersträicht dann och nach eemol d’Wichtegkeet vun Donen a Spenden op déi si dann och ugewise sinn, fir weider kënnen ze funktionéieren an ze hëllefen.


No dem offiziellen Deel huet de Veräin sech dunn op de Wee gemaach op seng éischt Marche gourmande an den Dag ass bei gudder Laun, guddem Kascht a deem engen oder aner Patt zesummen ënner Kolleegen op een Enn gaangen.