INFO /
REEGELEN
Entrée + Ëffnungszäite fir de Public
Keen Entrée ënner 16 Joer!
D’Plaz ass op fir de Public :
Freides 21h00 – 03h00
Samschdes 20h00 – 03h00
Ausserhalb vun dësen Zäiten ass et net autoriséierte Leit verbueden de Site zebetriede.
Verbuede Géigestänn a Saachen
Follgend Saache si verbuede mat eranzebréngen
a féieren zu engem Refus d’accès :
Film- anTounopnamen
Vum Organisateur:
WICHTEG INFOS :
Dir gitt op dësem Event fotograféiert an och gefilmt.
Dës Biller kënnen am Internet verëffentlecht ginn, souwuel vum Organisateur, wéi och vu senge Mediepartner. Ausserdeem kënnen des Biller genotzt ginn am Zesummenhang mat Werbefilmer, Videoen oder Affichen, déi fir kommend Editiounen heifir erstallt ginn.
Mam Betriede vum Site erkläert sech de Visiteur averstan, datt Biller vun him gemaach ginn a verzicht ausdrécklech op säi privat Bildrecht.
Sollt de Visiteur NET wëlle gefilmt oder fotograféiert ginn, sou ass hie gebieden dëst direkt dem Fotograf oder dem Kameramann matzedeelen.
Reklamatiounen no der Veranstaltung ginn net ugeholl.
Vun de Visiteuren :
Audio- a Videoopname si vebueden. Nëmme registréiert Mediepartner dierfen heifir professionellt Kameramaterial um Site benotzen.
Handykameraen fir den eegene private Gebrauch sinn erlaabt.
Hausrecht :
Den Organisateur FOAH Asbl huet d‘Hausrecht op der ganzer OPEN-AIR Plaz an och um Campingfeld an zu all Moment d’Recht Leit vun der Plaz ze verweisen, déi sech net un d‘Spillreegelen halen.
Ee Verweis gëllt automatesch souwuel fir de Camping, wéi och fir den Entrée op den OPEN-AIR fir de ganze Weekend.
Bei engem Verweis huet ee keen Urecht op Réckerstattung vum Entreespräis!
D‘Security-Team huet heifir ëmmer dat läscht Wuert bei enger eventueller Diskussioun an hiren Uweisunge muss gefollegt ginn.
D‘Security-Team an den Organisateur behale sech d‘Recht vir d’Police ze ruffen, wann aner Leit belästeg oder a Gefor sollte bruecht ginn.
CASH
LESS
D’Bezuelen um Open Air Housen ass dëst Joer nëmme cashless (ouni Boergeld) méiglech.
Dat heescht, datt kee Boergeld méi op der Plaz op de Gedrénkstänn ugeholl gëtt.
Dir kënnt mat Ärer Kreditkaart, Smartphone, Smartwatch … bezuelen oder Dir kënnt eng Prepaid-Kaart an der Keess kafen / opfëlle loossen.
Keen Payconiq
FOOD
Mile
Come and check out!
Food Mile with:
Burgers, Grill, Fries, Italian Food, Sweets
LëtzeBurger, Mama Forte, Meatbros, La Churreria
CAMPING
HOUSEN
5€
All Camper brauch ee Campingbändchen dee 5.– € kascht – dëse kritt all Camper sur Place verkaaft vu Membere vun der FOAH déi reegelméisseg passéieren – ouni dëse Bändche kann de Sejour op der Campingplaz zu all Moment verweigert ginn.
All Camper kritt da mat sengem Campingbändchen 1 Dreckstut + 1 Valorluxtut, wou en dann gebieden ass säin Dreck dran ze maachen a seng Plaz erëm sou propper ze verloossen wéi en se opfonnt huet. Eng Poubelle fir Glas steet och bereet um Campingsite – Mir géifen all Camper invitéieren den Dreck korrekt ze trennen. Et stinn de Camper Toiletten mat fléissendem Waasser zur Verfügung.
All Camper muss ausserdeem am Besëtz sinn vun engem gültegen Entreesbändche fir den Houser OPEN–AIR.
Den Organisateur huet d‘Hausrecht op der ganzer OPEN–AIR Plaz an och um Campingfeld an zu all Moment d’Recht Leit vum Camping ze verweisen, déi sech net un d‘Spillreegelen halen. Ee Verweis gëllt automatesch souwuel fir de Camping, wéi och fir den Entrée op den OPEN–AIR fir de ganze Weekend.
D‘Security–Team huet heifir ëmmer dat läscht Wuert bei enger eventueller Diskussioun an hiren Uweisunge muss gefollegt ginn.
D‘Security–Team an den Organisateur behalen sech d‘Recht fir d’Police ze ruffen, wann aner Leit belästeg oder a Gefor sollte bruecht ginn.
VERBUEDE SAACHEN
Et gi keng Ausname gemaach!
Den Organisateur iwwerhëlt keng Verantwortung fir geklauten, beschiedegt oder verluere Géigestänn vun de Camper.
Auerzäiten :
Ouverture : Donneschdes virum OPEN–AIR owes ab 17.00 Auer Fermeture : Sonndes nom OPEN–AIR nomëttes um 15.00 Auer muss d’Plaz geraumt sinn.
Mir zielen op är Collaboratioun.
Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit, sed do eiusmod tempor inci diduntt labore et dolore.